Optrëtter am Escher Theater

     

  Optrëtter am Escher Theater sënn fiir all Amateurbuehn ëmmer een Highlight. D'Wëntger Theaterfrënn sënn bis elo matt 3 Theaterstécker am Escher Theater opgetrueden an dëst ëmmer matt Erfollig.  

   Den 24. Januar 1993 am Rahmen von engem UGDA-Theaterfestival mam Stéck

"Waat een Schwindel"

 

 

  Am Januar 2001 honn mär dunn Statioun zu Esch gemaat, matt eisem Musical-Märchen "De Rumpelstilzchen". Dëst sollt een von eisen gréissten Erfolliger giän, well déi éischt Viistellung Samsdës, den 29. Januar 2001 woor schon am November ausverkooft. Séier gouf eng zweet Viirstellung fiir Sonndës, den 30. Januar bäigesaat, déi och nach  bis op déi läst Plaatz gefëllt woor, an ët honn souguer nach eng 30 Légd enttäuscht mussen Heem geschéckt giän.  Ronn 1.100 Zuschauer zu Esch  fiir een Eisliker Theaterveräin, een schéinen Succés.

 

 

  Eisen  drëtten Optrëtt haaten mär den 20. November 2004 zu Esch mam Klassiker vom Georges Feydeau "D'Dame aus dem Maxim" an enger Iwersetzung vom Meyers Luss. Och dëst woor fiir eis een schéinen Succès.